Theater 2022 – E genial verréckte Coup

3 Kolleegen hate geduecht, se hätten en einfache Wee fonnt, räich ze ginn 💰💰💰

Leider huet sech dat ganzt als vill méi schwéier erausgestallt wéi geplangt.. Wéi et alt sou oft ass 😂

Entdeckt hir Aventure a sitt Live dobäi, wann alles aus dem Rudder leeft💥😜

Dofir invitéiere mir vum Dësch-Tennis Osper iech op eis Theaterowenter 🎭, an dat de 16., 17. an 18. Dezember 2022 zu Osper am Festsall. Riddo ass um 20h15, AUSSER Sonndës, do ass Riddo um 18h00🎬.

Gespillt gëtt „E genial verréckte Coup“, ee Stéck vum Martina Röhrich, iwersat vum Roby Zenner.
Plaze reservéiere kënnt Dir
um Tel.: 88 81 24 oder
op der Email Adress: anngrei@pt.lu

D’Affiche eroflueden

De Facebook Banner eroflueden

De Flyer eroflueden